Redakter/Chargé de communication (m/f/x)

Fondation Autisme Luxembourg

  • Capellen
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 2 Monate her
D’Fondation Autisme Luxembourg engagéiert eeRedakter/Chargé de communication (m/f/x)am CDI, 40 Stonnen pro Woch.fir hir Ekipp « Communication et Relations Publiques » zu Capellen ze verstäerken.Referenz 2025.03.05 – 2-13-02Är Aufgaben :
  • Artikelen iwwer Aktualitéitssujeten am Zesummenhang mat Autismus schreiwen
  • Pressecommuniquéë schreiwen
  • Koordinatioun vun engem Périodique
  • Redaktionnell Aarbechte fir all d’Informatiounssupporte vun deene verschiddene Servicer vun der FAL (Brochuren, Flyeren, Bréiwer, …)
  • Gestioun vun der Internetsäit an vun der Online Präsenz vun der FAL
  • Projeten an Events vun der FAL mat plangen a gestalten
Äre Profil :
  • Diplom am Kommunikatiounsberäich
  • Erfarung am Beräich Journalismus ass vu Virdeel
  • Maîtrise vun den 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a vum Engleschen
  • Organisatiounssënn, Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
  • Kenntnisser an Indesign, Photoshop an Illustrator
  • Ekippegeescht a Kooperatiounsfäegkeet
  • Interessi um soziale Secteur an u senge Valeuren
All Kandidaturen, déi dësem Profil entspriechen, kréien eng Äntwert.Well de Matarbeschter (m/f/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir mobil sidd.Mir bidden :
  • Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelnde Kontext
  • Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe
  • Eng zolidd Erfarung an enger gutt implantéierter Institutioun am Beräich vum Handicap, op nationalem an och internationalem Niveau (Member vun Autisme-Europe asbl, Don en Confiance asbl, Info-Handicap, …)
Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.Déi folgend Dokumenter sinn noutwendeg fir dass ären Dossier als komplett considéréiert gëtt :
  • Curriculum vitae
  • Lettre de motivation
  • Diplom (an eventuell reconnaissance d’équivalence vum Diplom)
  • Casier judiciaire (LUX : N°3 et 5 / BE : n° 595 et 596.2 / FR : n°3 / DE : Führungszeugnis)
Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite: , der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren».

Fondation Autisme Luxembourg