Ee Gestionnaire Salaire et Administratif (m/w/d)

Elisabeth

  • Luxemburg
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 22 Tage her
Job DescriptionÄr Aufgaben / Votre mission / Ihre AufgabenDir sidd passionéiert fir an engem Service Ressources Humaines ze schaffen de verschidden asbl'en am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg gereiert. Dir hutt gären eng ofwiesslungsräich Aarbecht wou keen Dag dem anere gläicht, da mellt iech bei eis!
  • Dir gereiert den administrativen Dossier vun eise Mataarbechter vun hirer Astellung un, wärend hirer ganzer Karriäre, bis zu hirem Depart
  • Dir fleegt Personaldaten an eisen Datebanken
  • Dir organiséiert a garantéiert de Suivi vun de Visitten bei der Aarbechtsmedezin
  • Dir preparéiert a rechent Salairen : Kollekt a Kontroll vun den Donnée'n (Aarbechtszäiten, Congé'en, Maladies, Saisien a Cessiounen...) bis zum Ausstelle vu Paifichen
  • Dir frot Remboursementer un fir aussergewéinlech Absencen (Congé éducation, Congé politique, Pappecongé, asw.)
  • Dir preparéiert Donnée fir d'Erstelle vun den Decompte fir déi eenzel Administratiounen a Ministèren
  • Dir sidd Kontaktpersoun fir eis Mataarbechter a Responsabel fir Froe betreffend d'Aarbechtsrecht, de Kollektivvertrag, d'Sécurité sociale,..
  • Dir huelt aktiv u verschiddenen Projeten am Service RH deel
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Dir hutt een ofgeschlossene Diplom de fin d'études secondaires a konnt eng éischt berufflech Erfarung an enger änlecher Funktioun sammelen
  • Dir kennt den SAS Kollektivvertrag
  • Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer, a kennt iech idealerweis mat engem oder mei vun eisen RH Systemer aus (WISAL, PEP, PERSIS a SeeZam)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Dir sidd Teamfäeg, a kënnt eech u verschidden Uspriechpartner upassen
  • Dir hutt gutt Organisatiounsfäegkeeten, sidd grëndlech an exakt
  • Dir weist Initiativgeescht a sidd Verantwortungsbewosst
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • Dës Plaz gesäit ee 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit vir
  • Eng Ustellung fir ab direkt
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C4 bezuelt
  • Meiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 3
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)ContactApollonia SA S.I.S
Carole Huberty
Responsable Ressources Humaines
33 bd Joseph ll
L-1840 LuxembourgTel: +352 45 07 74 - 1801www.elisabeth.lu

Jobs.lu