Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Reisduerf

ARCUS

  • Reisdorf, Diekirch
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 8 Tage her
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Hei hues Du d'Méiglechkeet an enger neier Struktur mat inspiréierenden a professionell ageriichten Bildungsraim fir ronn 180 Kanner ze schaffen. Reisduerf, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Equipe ze gestalten.Mir siche fir d’Maison Relais Reisduerf: Educateur diplômé (M/W/NB) - 30 Stonnen/Woch CDIResponsabilitéitenDu empfänks a begleeds d’KannerDu wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenObligatoresch UfuerderungenDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten DiplomDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzenMir biddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Moovijob