Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

ARCUS

  • Mamer, Capellen
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 8 Tage her
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Se ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Se bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Mir siche fir d’Maison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) – CDI – 20-30 Stonnen/WochAn der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet d'Méiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.Responsabilitéiten:Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenObligatoresch UfuerderungenDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng EducateursformatiounDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu VirdeelMir biddenD'Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Moovijob