Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Réimech

ARCUS

  • Remich
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 8 Tage her
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.D'Maison Relais Réimech, befënnt sech ganz grenzno an am Stadkär vun der Muselgemeng Réimech. Hei sënn 263 Platze fir Kanner aus dem Cycle 1 bis 4. Mir setzen e grousse Wäert op dat regionaalt a sinn och immens naturverbonnen op Grond vun der Proximitéit vun de Miseler Wäibierger. Ma net nëmmen d'Natur mee och Sprooche ginn hei valoriséiert. Net manner ewéi 45 verschiddenen Sprooche ginn an der Maison Relais geschwat an esou kënne d'Kanner déi verschidde Sprooche vuneneen a matenee léieren. Déi jonk an dynamesch Equipe besteet aus 27 fachkompetenten Persounen. Bass du intresséiert? Da mell dech elo !Mir siche fir d’Maison Relais Réimech: Educateur diplomé (M/W/NB) - 20 Stonnen/Woch CDIResponsabilitéitenDu empfänks a begleeds d’Kanner aus dem Cycle 2-4Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenObligatoresch UfuerderungenDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten DiplomDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzenMir biddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Moovijob