NEW Aide socio-éducatif mat administrativen Tâchen (M/W/NB) - Crèche Nidderaanwen

ARCUS

  • Oberanven, Luxemburg
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 8 Tage her
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Mir siche fir d'Crèche Nidderaanwen: Aide socio-éducatif (M/W/NB) - 25-30 Stonnen/Woch, CDIDu wëlls Kanner op hirer Entwécklungsrees begleeden a hues en Talent am Organisatoreschen an Administrativen? Dann bass du bei eis genau richteg. D’Zil ass et, d’Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen e séchert, stäerkend an inspiréierend Ëmfeld zebidden. D'Crèche huet verschidde Raimlechkeeten, dass Kanner sech fräi a kreativ entfale kënnen. Mir leeë grousse Wäert op eng individuell Fërderung vun all Kand. Ausserdeem hues du Chance fir dech staark an déi verschidden administrativen Aarbechten matanzebannen a kanns esou hannert Kulisse vun der Organisatioun vun enger Maison Relais kucken. Du gëss Deel vun engem dynameschen a kreativen Team. Falls du elo Loscht krus, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung!ResponsabilitéitenAdministrativ Aktivitéiten (≈70 %):Organisatioun a Koordinatioun vum Alldag (Planning, Kommunikatioun, ...)Ënnerstëtzung bei administrativen AufgabenKommunikatioun mat den Eltere (E-Mailen, Telefonsgespréicher, Bréiwer, ...)Donnéeën aktualiséieren (Presenzlëschten, Vakanzunmeldungen,...)Pädagogesch Aktivitéiten (≈30 %):Begleedung vun de Kanner am Alldag (Mëttegiessen, Fräizäitaktivitéiten)Mataarbecht bei der Ëmsetzung vum pädagogesche KonzeptObligatoresch UfuerderungenZouverlässeg an exaktOrganisatorescht TalentOppen an teamfäegFlexibel an den AarbechtszäitenLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzenMir biddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Moovijob