Des éducateurs diplômé ou auxiliaires de vie (M/F/D) - Naturcrèche zu Dippech - CDI - 30h

Croix-Rouge luxembourgeoise

  • Luxemburg
  • Unbefristet
  • Teilzeit
  • 13 Tage her
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz stellt anEducateurs diplômé oder auxiliaires de vie (M/F/D) – Referenz : 5640fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 30 Stonnen/Woch.Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!Profil :
  • Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“ oder "Auxiliaire de vie"
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
  • Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B
Missiounen :
  • Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
  • Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn
Mir bidden Iech :
  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Moovijob