NEW Educateurs diplômés - Maison Relais Rouspert/Mompech (M/W/NB)

ARCUS

  • Rosport, Echternach
  • Unbefristet
  • Vollzeit
  • 8 Tage her
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.D'Maison Relais Rouspert/Mompech sicht: Educateurs diplômés (M/W/NB) fir 17 Stonnen/Woch an 30 Stonnen/Woch fir een CDD vun 2 Joer (15/09/2025 - 15/09/2027)Bass du eng engagéiert Erzéierin oder en engagéierten Erzéier a wëlls Kanner am Alter vun 3 bis 13 Joer op hirer Entwécklungsrees begleeden? Dann bass du bei eis genau richteg!D’Zil ass et, d’Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen e séchert, stäerkend an inspiréierend Ëmfeld unzebidden. Du schaffs aktiv mat dorun, d’Kanner ze motivéieren, hir Kompetenzen ze entwéckelen an hir natierlech Kuriositéit fir d’Welt ronderëm si weiderzentwéckelen. Eis Struktur bitt verschidde Bildungsraim (Medienraum, Theaterraum,...), déi vill Méiglechkeete fir d’Kanner ubidden, sech fräi a kreativ z’entfalen. Donieft verfüügt d’Struktur en Iessberäich, wou d’Kanner d’Gemeinschaftserfarung duerch d’Iessen zesummen erliewen, an e groussen Ausseberäich, wou d’Kanner d’Natur entdecke kënnen. Aktuell betreie mir ronn 300 Kanner, déi vun engem Team vu 45 motivéierten Erzéier/innen begleet ginn. Zesumme schafe mir e frëndlecht an inklusivt Léierëmfeld, wou all Kand sech wuel fillt an individuell gefërdert gëtt. Wann s du Loscht hues, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung!ResponsabilitéitenDu empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinnDu ënnerstëtz d’Kand a senger individueller EntwécklungDu fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenObligatoresch UfuerderungenDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten DiplomDu bass flexibel an den AarbechtszäitenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzenMir biddenMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Moovijob